Et ass bewisen dass Mataarbechter, déi sech wuel fillen an och gesond sinn, méi motivéiert op der Aarbecht un hir Aufgaben eruginn. Dovu profitéiert net nëmmen d’Produktivitéit, ma och d’Croissance an der Economie. Eng Strategie vu „Bien-être“ a „Santé au travail“ garantéiert de positive Verlaf. Doriwwer hu mir mat der Claudine Schmitt vum Organisme de formation „Wellbeing at Work“ geschwat.